Under Construction

Hei rullen d'Baggeren...

Mir Lëtzebuerger sin wuel Weltmeeschter wann ët ëm Baustellen geet. Vun Esch erop bis an d'Nordstad, vun der Stad bis suguer iwwert d'Grenzen eweg sin eng Hällewull vun Chantier'en am gaanen oder an Planung. Zu Esch wäert een iergendwann mam Auto ënnert dem Shopping Center Belval Plaza riicht an Frankräich fueren kënnen. Zu Gréiwemaacher gët eng Hängerbréck gespannt, tëscht Luerentzweiler an dem Kierchbierg gët deen leschten Deel vun der faméiser Nordstrooss fäerdeggestallt, an an der Stad soll enges Daags en Tram duerch déi fuschnei Gebidder Royal-Hamilius an der Stäereplaaz fueren. Munch Projet ass nach nët komplett décidéiert, aanerer sin an der Ëmsetzung. Under Construction heescht also déi nei Sektioun vun Cyrille'sWebsite wou Projet'en an Baustellen méi genee ënnert d'Loupe geholl gin. Reegelméisseg sollen nei Beiträg kommen mat Updates, fiir datt een ëmmer wees wisou hei an do en Bagger rullt...


Dezember 2011

UC N°7: Biller vum Royal Hamilius an vun der Nordstrooss

Royal HamiliusMat e bessen Verspéidung kennt déi 7. Ausgab vun Under Construction eraus. Fiir d'Enn vum Joer kucken mer wéi d'Chantier'en vun der Norstrooss, vum Royal Hamilius an vum Lift am Pafendall viirugin. Fiir den Lift gët ët suguer intressant Detail'er. Dës Ausgab ass dann och déi lescht an dëser Form: 2012 soll Under Construction ënnert enger anerer Form nees optauchen...




November 2011

UC N°6: D'Grenzbréck zu Gréiwemaacher & d'B51 zu Tréier

Zu Gréiwemaacher gët 2012 d\'Grenzbréck oofgerappt an duerch eng nei Bréck ersaat. Wisou ët dozou kënnt, an wéi Gréiwemaacher viirun dëser Bréck ausgesin huet, daat gidder an der Ausgab vum November gewuer.



Oktober 2011

UC N°5: Mam Zuch vun der Stad op Tréier

Am Gronn gët am Moment déck gebaggert, an daat fiir datt an e Puer Joer Zich vun der Gare méi séier op Tréier fueren kennen. An suguer hannert der däitscher Grenz wäerten deemnächst d'Baggeren rullen. Waat sëch alles tëscht der Stater Gare an Tréier doen wäert, daat gidder an der 5. Ausgab vun Under Construction gewuer.



September 2011

UC N°4: Den Centre Guillaume II an Royal Hamilius

Dës Kéier simmer nees an der Stad ënnerwee an intresséieren ons fir eng Baustell um Knuedler an en groussen Projet deen d'nächst Joer um Aldrénger misst ufänken...



August 2011

UC N°3: d'Nordstrooss: Ab in den Norden

Well een matzen am Summer gäeren un Sand denkt, fueren mer fiir déi neisten Editioun vun Under Construction an den Gréngewald an kucken eis un, wéi d'Nordstrooss gebaut gët, wéi dën Tracé verleeft, an wisou dës Autobunn häerno d'Nummer 7 kritt...



Juli 2011

UC N°2: Mam Lift an d'Stad an mat der Rolltraap op den Kierchbierg

An der Stad huet een sëch déi lescht Joeren vill Méih gemaacht, d'Liewen vun der VElosfuerer ze erliichteren. Bei dësem Projet sollen och d'AWunner vun engem ganzen Quartier profitéieren: ët geet ëm een Lift vum Pafendal erop an d'Stad. A wéi wann daat nët genuch wäer, plangt den Staat gläich zweeten Lift fiir op den Kierchbierg...



Juni 2011

UC N°1: D'Nei Bréck: tëscht 100 Joer Geschicht an enger grousser Baustell...

Wann an der Stad déi dräi grouss Brécken (Roud Bréck, Aal Bréck an Nei Bréck) vun haut op Muer fir den Verkéier géngen gespaart gin, dann wier en totalen Chaos nët ze vermeiden. Zanter baal 10 Joer gët ët allerdéngs en Problem mat enger vun deenen Brécken: den Pont Adolphe, also d'Nei Bréck, ass nët méi stabil genuch an brauch dringend eng Sanéierung. Daat ass genau daat, waat den Staat elo wëlles huet: d'Bréck komplett zoumaachen an rénovéieren. Domadder géng eng ganz grouss Baustell an der Stad lassgoen.