Mam Zuch vun der Stad op Tréier
Den Zuchtraffik huet an deenen leschten Joeren zougeholl, an den Staat kann sëch nëmmen driwwer fréen: schliesslech striewt den Staat d'Ziel un, 25% vun allen Beweegungen op den öffentlechen Transport ze kérien. Dësen Viirsaatz, deen sëch den Staat bis d'Joer 2020 gin huet, gët allgeméng mam Wuert Modal Split genannt. Dofiir gët niewt Bus an Tram och am Schinnenverkéier investéiert.
Den Ament gët vill um lëtzebuerger Schinnennetz geschafft. Sou gët zum Beispill d'Streck Lëtzebuerg-Péiténg duebelgleiseg ausgebaut, an eng nei Streck soll d'Stad besser mat Beetebuerg verbannen. Eng aner Streck wou elo geschafft gët ass d'Verbindung tëscht der Stad an Tréier, an en Oofkommes, deen den 6. Oktober 2011 ënnerschriwwen gouf, gesäit viir, d'Stéck tëscht Waasserbëlleg an Tréier auszebauen.
Eng nei Bréck iwwert der Polfermillen
Eis Rees fänkt op der Stater Gare un, an gläich nodeems den Zuch aus dem Tunnel ënnert der Rocade de Bonnevoie op der Héischt vum Boulevard d'Avranches erauskënnt fänkt dann och gläich deen éichten groussen Projet un. Well am Ausgang vun dësem Tunnel nëmmen zwou Spueren sin, mussen all d'Zich, déi d'Gare an Richtung Dummeldéng an Cents verloossen, sëch op dës zwou Spueren zesummendrécken. No dësem Viaduc trennen sëch déi zwou Strecken: déi eng mat zwee Gleisen Richtung Norden (Miersch/Léck, etc.), déi aner eengleiseg Richtung Osten (Waasserbëlleg/Tréier). Dësen Triichtereffekt am Tunnel erlaabt ët nët besonnesch flexibel ze sin waat den Zuchverkéier ugeet. Fiir deem entgéint ze wierken gouf Ufank den 2000er Joeren décidéiert, eng nei Bréck niewt dem alen Viaduc ze bauen, déi op der Säit vun der Polfermillen kennt an zwee Gleiser ophuelen wäert. Konkret sollt daat häerno sou ausgesin: d'Zich déi Richtung Norden fueren sollen dann iwwert den aalen Viaduc fueren, an d'Zich Richtung Osten sollen dann iwwert déi nei Bréck fueren. Esou sollen dann am Ganzen 4 Gleiser verdeelt op zwou Brécken iwwert dem Dall vun der Polfermillen verlaafen.
Dës Bréck gouf 2003 am Kader vun engem Concours ausgeschriwwen, deen den Ingenieursbureau TR Engineering gewonnen huet. Dën Projet gesäit dräi Deeler viir:
1. d'Sortie vum Tunnel vun der Gare (ënnert dem Boulevard d'Avranches) muss op 12 Meter méi breed gemaacht gin, fiir datt déi 4 Gleiser aus dem Tunnel erauskommen. (kléng Fotto uewen lénks)
2. déi eigentlech Bréck, 242 Meter laang an 31 Meter héisch, gebaut aus Betonspéil wou eng Stolenkonstruktioun dropkënnt.
3. den Uschloss op der Säit vun der Rumm (Plateau du Rham), wou op enger Streck vun 272 Meter déi zwee Gleiser Richtung Osten am Hang wäerten gebaut gin. (kléng Fotto an der Mëtt uewen)
Den Käschtepunkt fiir dësen Projet läit bei 56 mio Euro ouni TVA.
Zweegleiseg Richtung Sandweiler
Tëscht dem Viaduc Polfermillen an Sandweiler ass d'Streck den Ament nach eengleiseg. Mam Uschloss un der neier Bréck wäert ët méiglech sin, och dësen Deel zweegleiseg auszebauen, soudatt een Zich gläichzäiteg an béiden Richtungen fueren loossen kéint, ouni datt deen een Zuch bei enger Weich op den Passage vun deem aaneren waarden muss. Fiir datt d'Zich méi sëcher fueren kennen ass geplangt, den PN56 (=Passage à niveau Nummer 56) op der Gare vun Cents/Hamm zouzemaachen. Den Autosverkéier um Cents géng dann nët méi iwwert dës Barrière fueren, mee sollt vun Hamm iwwert eng Bréck iwwert d'Zuchstreck op den Cents féieren. Wou genee dës Bréck sollt hikommen, wéi déi wäert ausgesin, an wéini déi gebaut gët, steet nach nët fest.
Méi séier vun Waasserbëlleg op Tréier
No Sandweiler, an bis Waasserbëlleg, ass d'Zuchstreck zweegleiseg. No Waasserbëlleg gesäit ët allerdéngs den Ament nach anescht aus: no der däitscher Grenz ass d'Streck tëscht Igel-West an Igel nëmmen eengleiseg. Dësen 2 Kilometer laangen Deel soll elo (no laangen Diskussiounen, an viirun allem, no laangem hin-an-hier) ausgebaut gin. Dowéinst gouf den 6. Oktober 2011 eng Absichtserkläerung vun der Bundesrepublik Däitschland, vum Land Rheinland-Pfalz, vun der Däitscher Bunn an vun Lëtzebuerg ënnerschriwwen. Den Chantier sollt 2014 ufänken, an am Ganzen 19,6 mio Euro kaschten. Den Lëtzebuerger Staat huet sëch bereeterkläert, sëch mat 8 mio Euro um Projet mat ze bedeelegen. D'Ziel op laang Zäit ass ët, den "Rheinland-Pfalz-Takt" anzeféieren, wou fiir Lëtzebuerg geplangt ass, een Zuch pro Stonn op Koblenz fueren ze loossen.
Quellen & Links
Bild 1 an 2: Déi nei geplangten Bréck, TR Engineering
Bild 3-6: D'Sortie vum Tunnel um Bd. d'Avranches (3), den Hang op der Streck fiir op den Cents (4), den Accès vum Chantier am Gronn via Wenzelswee (5), d'Barrière (PN56) um Cents (6), 04.10.2011 © Cyrille Horper
Artikel: "Nicht glücklich über Entscheidung der DB"
Artikel: Luxemburger Geld für deutsche Bahnstrecke
Link: Rail.lu: Linn Lëtzebuerg - Ettelbrëck - Elwen - Belsch Grenz
Link: TR Engineering: Doublement du viaduc de Pulvermühle




