Mam Lift an d'Stad an mat der Rolltraap op den Kierchbierg
Awunner aus dem Pafendall däerften an den nächsten Joeren eng kléng Revolutioun an hierem Quartier erliewen. Am Februar 2009 huet d'Stad Lëtzebuerg den Bau vun engem neien Lift gestëmmt, deen elo och gebaut gët. Desweideren huet den Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler am Mee 2011 eng Propositioun op dën Dësch geluecht, fiir eng Zuchstatioun ënnert der Rouder Bréck ze bauen, woumadder ët dann méiglech wäer vun do aus iwwert eng Rolltraap oder engem "Funéculaire" op den Kierchbierg bei d'Héischhaus ze kommen.
Den 16. Februar 2009 huet d'Stad Lëtzebuerg den Projet vun engem Lift am Pafendall gestëmmt. Den Projet soll 7,57 mio Euro kaschten an 2012 fäerdeggestallt sin. Geplangt ass en Lift, deen vum Pafendall (nët wäit vum Duerfkäer an niewt dem Café Jamaica Club) erop an den Parc bei der Fondation Pescatore fueren sollt. D'Cabine soll en Fassungsvermögen vun 66 Persounen hun, an d'Faart soll 30 Sekonnen daueren fiir déi 60 Meter Héischtënnerscheed ze iwwerwannen. Ënnen am Dall soll den Benotzer kënnen vun engem Warteraum an enger Toillett profitéieren. Uewen ukomm ass een dann nach nët an der Stad: den Benotzer muss dann nach iwwert eng Bréck, déi iwwert dem Eecher Bierg gebaut gët, goen, fiir dann an den Parc niewt der Fondation Pescatore unzekommen. Dën Lift soll, wann en bis fäerdeg ass, all Joers ëm déi 40.000 Euro un Entretien kaschten.
Duerch daat Konzept kënnen dann d'Awunner vum Pafendall souwéi Velosfuerer dovunner profitéieren an méi schnell tëscht den Quartier'en an der Stad viirunkommen. D'Ziel ass ët dann och, déi sougenannten Mobilité douce ze fuerderen. D'Stad Lëtzebuerg wollt schon 2007 eng Bréck vum Cents op den Weimerschaff/Kierchbierg bauen wou den mëttleren Pfosten en Lift hätt fiir an d'Neiduerf eroofzefueren. Dësen Projet ass allerdéngs op Widderstand bei den Awunner vun deenen 3 Quartier'en geroden, an gouf desweideren aus Budgetair'en Grënn bis elo och nët gebaut.
"Nächsten Halt: Pafendall"
Esou kéint ët vläit an e Puer Joer kléngen, wann een mat der CFL op der Nordstreck ënnerwee ass: 2008 haat en finneschen Bauingénieur d'Iddée, d'Zich ënnert der Rouder Bréck stoen ze loossen an vun do aus d'Passagéier via Rolltraap oder Lift op den Kierchbierg ze transportéieren. Dës Idée gët elo am Infrastruktur- an Nohaltegkeetsministère konkretiséiert. Konkret géng also am Pafendall eng kléng Zuchstatioun mat 2 Quai'en vun jeweils minimum 200 Meter Längtt an 3 Meter Breet gebaut gin. Wéi een dann elo bis bei d'Place de l'Europe um Kierchbierg soll ukommen muss nach gekuckt gin, heescht vum Claude Wiseler: ët kéint een eng Rolltraap, en Lift oder en Funiculaire (Lift wéi um Montmartre zu Paräis) bauen. Domadder kéint en Employé, deen um Kierchbierg schafft an all Daag mat der CFL all Daag aus dem Norden kënnt, vill Zäit spueren, well den Wee iwwert d'Stater Gare an mam Bus duerch d'Nei Avenue an dem Boulevard Royal ewegfaalen géif.
Vill Suen, aawer manner wéi aaner Projet'en
Dësen Projet kéint 100 mio Euro kaschten, wäer aawer eng gënschteg Léisung fiir d'Stater Gare z'entlaaschten an niewenäi en ganzen Koup Leit méi séier op den Kierchbierg ze féieren. Am Verglach: den Projet, eng Zuchverbindung vun der Gare op den Kierchbierg via Findel ze bauen, géif 1,2 mia Euro kaschten.
Stad Lëtzebuerg ass voll dohannert
D'Stater Geméng huet direkt op dës Propositioun vum Minister réagéiert an gesoot, dës Idée géng voll an d'Konzept vun der Mobilité douce passen, viirausgesaat, d'Awunner vum Pafendall kéinten bis bei dës Zuchstatioun eropkommen.
Ët däerf een also gespaant sin waat sëch an deenen nächsten Joeren am Pafendall änneren wäert: op der enger Säit gët en Lift fäerdegestallt, op der aanerer kéint en weideren entstoen, dozou eng kléng Zuchstatioun.
Biller-Infos & Links
Bild 1: STEINMETZDEMEYER
Bild 2: Screenshot RTL
Link: Den Projet vun STEINMETZDEMEYER
Link: Den finneschen Ingenieur am Interview mat RTL
Link: Artikel vum 17.02.2009 bei Wort.lu




