d'Nordstrooss: Ab in den Norden
Ët gët wuel keng Autobunn am Land déi eng esou laang Geschicht geschriwwen huet, an nach ëmmer esou vill Geschicht schreiwt. Schons an den 60er-Joeren wollten d'Awunner aus dem Eisléck eng besser Verbindung mat der Stad, an laang gouf driwwer gestridden, wéi an wou dësen Uschloss misst gebaut gin. Enn den 90er-Joeren gouf daat dunn décidéiert an d'Baggeren sin lassgerullt. Den Grousshäerzog Henri haat am Kader vun enger Visite vum Chantier vun der Nordstrooss eng Kéier gesoot, hien géng sëch iwwert dësen Projet fréen, well "dann kommen ëch méi séier an den Palais..." Den Ament gët d'Nordstrooss fäerdeggebaut, an wann alles klappt wäerte mer 2014 vum Kierchbierg direkt op Miersch an den Topaze akaafen goen kënnen ;-)
Geschicht
Den 16. August 1967 huet d'Châmber en Gesetz gestëmmt, wou d'Ziel ass "la création d'une grande voirie de communication". An aaneren Wierder: Lëtzebuerg huet sëch dunn viirgeholl, Landstroossen an Autobunnen ze bauen. Den Artikel 6 vun dësem Gesetz ernimmt den Projet vun der Nordstrooss: "Une nouvelle route de Luxembourg à Ettelbrück, partant de contournement de la Ville de Luxembourg (Strassen), avec raccordement à la voirie de la vallée de l'Alzette, (...)". Dëst wäert lo bei villen eng Iwwerraschung sin, mee ët war tatsächlech esou, datt d'Nordstrooss uersprünglëch hätt sollten zu Stroossen erauskommen, an nët um Kierchbierg.
An den 70er-Joeren war d'Prioritéit vun der REgierung den BAu vun Autobunnen a Richtung Belsch an Frankräich. Do ass d'Thema Nordstrooss e bessen an den Hannergrond geroden, bis datt d'Awunner aus dem Norden während den 80er-Joeren sëch ëmmer méi beschwéiert hun. Deen Ament goufen den Contournement vun Ettelbréck an deen vun Schieren geplangt an gebaut.
An den 90er-Joeren gouf déi sougenannten "Ökovariant" proposéiert: ët ass drëms gaangen, d'Nordstrooss duerch den Uelzechtdall mat Viaduc'en an Tunnelen ze bauen, mee d'Awunner aus den betraffenen Geméngen waren dogéint, an ët wäer souwisou komplizéiert gewiercht dëst ze réaliséieren: dëst Gebidd ass dicht bebaut an den Bau kéint d'Verhaalen vun den Iwwerschwemmungen beaflossen.
Den 30. Abrëll 1992 gouf an der Châmber dunn décidéiert, d'Ostvariant ze huelen: den Tracé géng dann nët méi zu Stroossen ukommen, mee um Kierchbierg. Allerdéngs huet een nach missten deen genéen Wee festléen. Do gouf ët eng interessant Idée: den schwäizer Büro Ernst Basler und Partner AG hun viirgeschloen, een eenzegen Tunnel tëscht dem Kierchbierg an Luerenzwiler ze bauen. Dësen wäer dann ronn 8 kilometer laang. Dës Idée gouf dunn aawer nët geholl, well den Risk fiir Accidenter, Bränn oder technesch Problemer wäer ze grouss, an souwisou, den Bau vun esou engem Wierk wäer vill ze deier ausgefall.
An esou koum een dunn endlech zum definitiven Tracé, deen elo fäerdeggebaut gët.
Wisou d'Nordstrooss d'Nummer 7 kritt
All Autobunn huet bekanntlech eng Nummer, bei der Nordstrooss handelt ët sëch ëm d'7. Dës Nummer ass d'Resultat vun engem Numérotationssystem deen bei den Landstroossen gëlt an op d'Autobunnen iwwerdroen gouf: D'Landstroossen fueren vun der Stad aus stäerenförmeg an allen Himmelsrichrungen fort, an d'Nummeren sin nom Uhrzeit-Format numérotéiert: d'N1 fiert Richtung Osten op Waasserbëlleg, N'2 bëssen méi roof op Réimech, N'3 an dën Süden, d'N4 op Esch, d'N5 op Nidderkäerjéng, d'N6 Richtung Westen op Sténgefort, an d'N7 Richtung Norden op Miersch. Domadder hätt een en kreesförmegen System. D'Autobunnen déi an déi jeweileg Richtungen fueren wéi d'Landstroossen kréien dann déi nämlecht Nummer: d'A1 fiert an déi selwecht Richtung wéi d'N1, nämlech op Waasserbëlleg. Mat der A7 ass ët genau esou: d'Autobunn wäert, wann së bis fäerdeg ass, vun der Stad op MIersch an weider an den Norden fueren, genau esou wéi d'N7.
D'Nordstrooss huet aawer och nach eng aaner Nummer, nämlech d'E420. Dëst ass eng europäesch Routen-Nummer, déi op den Schëlder wäiss op gréngem Hannergrond markéiert ass. D'E420 verbënd Oochen an Eupen mat Lëtzebuerg.
Tracé
D'Autobunn fänkt um Kierchbierg bei der "Jonction Grünewald" un, fiert iwwert zwou Brécken Richtung Norden, an hält den Ament bei der Ausfaart Waldhaff (Iechternacher Stréck / N12) op. Dësen Deel gouf den 19. September 2002 fir den Verkéier opgemaacht. Vun do un gët den Tunnel Stafelter (1,8 km) gebaut, deen gréisstendeel direkt ënnert der Landstrooss CR126 gebuddelt gët. Op dëser Landstrooss, tëscht dem Waldhaff an der Kräizung Stafelter, gesäit och en groussen Waassertuerm, deen dofiir geduecht ass, Waasser ze liwweren falls ët am Tunnel ënnendrënner brennt. Doniewt versuergt dësen Tuerm och den Tunnel Grouft (Beschreiwung kënnt méi ënnen).
Aus dem Tunnel eraus (Fotto uewen) geet den Projet weider Richtung Norden. No e Puer honnert Meter gët den Tunnel Rengelbuer opgeriicht: dëst sollt spéider en "Passage à gibier" gin, also op Däitsch eng "Wildbrücke", wou d'Déieren gemitterlech iwwert d'Autobunn laafen kënnen. Dëst Wierk gët nët gegruewen, mee ët gin Maueren an en Deckel gebaut, fiir dono daat Ganzt mat Buedem uewendriwwer zou ze schëdden.
Ët geet dono weider, bis bei d'Entrée vun deem längsten Tunnel vum Land: den Tunnel Grouft. Dësen gët 2,9 kilometer laang, fiert den Bierg eroof an enger Pente vun 4,5% Richtung Luerentzweiler. Am Rouer fiir Richtung Kierchbierg (also Süden) gin dräi Bunnen gemaacht, well ët jo do biergop geet, an doduerger beispillsweis d'Camion'en méi lues fueren kéinten. Dësen Tunnel gët mat Waasser vum Waassertuerm am Bësch um Staafelter versuergt.
Ënnen zu Luerenzweiler ukomm geet ët op en Viaduc iwwert d'Uelzecht. Dësen Deel ass zënter dem 24. Januar 2008 fiir den Verkéiert op, an geet vun Luerenzweiler Richtung Miersch. Direkt nom Viaduc kënnt den Tunnel Gousselerbierg (2,6km). D'Geologie vun dësem Tunnel huet fiir Kappzerbrieches gesuergt, well beim Bau op verschidden Plaatzen den Tunnel agesackt ass. Aus dem Tunnel eraus kënnt een bei d'Ausfaart Schëndels, an den Wee féiert weider duerch den Contournement vun Miersch, laanscht den Trainingscenter um Colmar-Bierg, wou do d'Autobunn an eng Schnellstrooss (B7) eriwwergeet. Fiir deen Deel fuerderen Buergermeeschteren vun villen lokalen Geméngen datt do den Tracé op eng Autobunn ëmgewandelt gët, well hinnen no den Verkéier op dëser Plaatz ëmmer weider zouhëllt. En konkreten Projet an dësem Sënn steet beim Ministère aawer nët um Dësch.
Biller-Infos & Links
Bild 1: Déi verschidden Tracé'en. Aus der Brochure: Luxembourg/Kirchberg - Mersch, Route du Nord - Ministère des Travaux Publics, Administration des Ponts et Chaussées, Division centrale de la voirie
Bild 2: Logo vun der A7, Wikipedia
Bild 3: Den Nord-Agang vum Tunnel Stafelter, Stand: Abrëll 2011, ©Cyrille Horper
Bild 4: D'Wëldbréck Rengelbuer, Stand: Abrëll 2011, ©Cyrille Horper
Bild 5: Den Süd-Agang vum Tunnel Grouft, Stand: Abrëll 2011, ©Cyrille Horper
Bild 6: D'Geologie vum Tunnel Grouft. Aus der Brochure: Luxembourg/Kirchberg - Mersch, Route du Nord - Ministère des Travaux Publics, Administration des Ponts et Chaussées, Division centrale de la voirie
Link: D'Nordstrooss op Wikipedia
Link: Den Film vun der Nordstrooss
Link: D'A7 bei der Ponts & Chaussées
Buch iwwert d'Nordstrooss




