D'Nei Bréck: tëscht 100 Joer Geschicht an enger grousser Baustell...

An der éichter Ausgab vun der Under Construction-Serie gimmer an d'Stad kucken, waat mat der Neier Bréck passéiert. Bekanntlecherweis soll déi demnächst komplett renovéiert gin, an ët ass suguer geplangt datt eng Kéier en Tram driwwerfueren soll. An do ass genau daat Intressantst: den Pont Adolphe, sou wéi d'Nei Bréck offiziell heescht, ass ursprünglech fir en Zuch gebaut gin...

Geschichtlechen Réckbléck

Le nouveau pont Adolphe en construction au 1 septembre 1901 (Carte postale; Charles Bernhoeft, Luxembourg)An ët war keen onbekannten Zuch: ët war wéinst dem Charly datt d'Nei Bréck gebaut gouf. Ier mer weiderfueren: den Numm Charly kënnt vum Charles Rischard - Daat war den deemolegen Direkter vun den Travaux Publics... Deemols wollt een eng Zuchverbindung tëscht der Stad an Iechternach bauen, an well den Start vun däer Linn op der stater Gare war, wollt een nët datt d'Damplokomotiv onnëtz an d'Péitruss erooffiert, fir ënnen nees erop an den Boulevard Royal ze fueren. Dowéinst gouf décidéiert, eng Bréck iwwert dem Péitrussdall ze bauen. An déi haat ët fiir deemoleg Verhältnisser richteg a sëch: den éichten offiziellen Steen gouf den 14. Juli 1900 geluecht. D'Bréck gouf vum Paul Séjourné, engem franséischen Ingenieur gezeechent, dofiir ass ët och keen Wonner datt d'Strooss ënnen am Dall rue Séjourné heescht... Den Steen ass Gilsdrëffer Sandsteen, an den Numm Pont Adolphe kënnt duerch déi Tatsaach datt den Adolphe deemols den Grand-Duc vum Land war. Datt een op Lëtzebuergesch Nei Bréck seet ass doduerch ze erkläeren datt d'Bréck méi rezent war am Verglach zu der Passerelle (Viaduc), déi 1861fäerdeg gebaut gouf.


Administration des Ponts & ChausséesLuxembourg: Pont Adolphe (Carte postale: Grands Magasins M. Knopf, Luxembourg; Collection: René Birgen)Zu den teschnechen Detail'er: d'Wierk ass 154 Meter laang, den groussen Bou (Bogen) 84,65 Meter breet, an déi zwee méi kléng Béi 21,60 Meter breet. D'Héischt vun der Bréck läit bei 42 Meter, an d'Strooss ass uewen 16 Meter breet (3 Spueren Richtung Gare, an eng Bus-Spuer Richtung Stad). Ween eng Kéier ënnert der Bréck stoung huet sëcherlech festgestallt: ët sin eigentlech zwou Brécken: zumindest goufen zwee Béi gebaut, déi uewen duerch eng Betons-Dall daat Ganzt "zou-deckelt". Den 24. Juli 1903 konnt d'Bréck dann offiziell mat der Präsenz vum Paul Eyschen, deemolegen Staatsminister an vum Charly-Namensträger Charles Rischard ageweiht gin.


Wisou elo renovéieren?

Zanter dem Bau vun der Neier Bréck goufen nëmmen zweemol Aarbechten un der Bréck duerchgefouert: 1961-62 gouf d'Betons-Dalle tëscht den zwee Béi (also daat wourobber een souzesoen fiert) komplett ersaat, an 1976 goufen méi kléng Aarbechten duercggezun, wéi beispillsweis d'Trennung tëscht der Strooss an dem Trottoir duerch eng kléng Mauer.Administration des Ponts & ChausséesAdministration des Ponts & ChausséesAm Juli 2003 gouf dann bei schlechtem Wieder déi 100 Joer vun der Neier Bréck gefeiert. E Puer Méint drop koum dunn déi ernüchternd Bilanz: d'Bréck huet eng Rei Problemer an ët kënnt een nët méi laanscht enger komplett-Sanéierung. Als provisoresch Léisung zu den Rëss an den Sténg goufen speziell Schrauwen fixéiert. Des Fixatiounen gesäit een haut nach um groussen Bou. 2005 ass eng vun dësen Staangen lassgaangen, an ass ënnen an den Péitrussdall gefall. Dowéinst ass zanterhier en Foussgängerwee gespaart. Am Bauteministère gouf geschafft an ausgeschafft, an ët koum een zu e Puer Léisungen: fest steet, datt een wäert d'Bréck komplett an Stand bréngen mussen, an datt während den Aarbechten keen Verkéier souwéi Foussgänger wäert kënnen driwwerfueren, respektiv driwwergoen. Wann een bedenkt, datt een och en neien Tram an der Stad well afféieren, dann muss d'Nei Bréck eng weider Charge aushaalen. D'Léisung ass also déi heiten gewiecht: niewt der Bréck, op der Héischt vum Boulevard Prince Henri (stater Säit) an der Rue Ste Zithe (garer Säit) gët eng nei Bréck gebaut, fiir den Verkéier do ëmzeleeden. Ët wäer jo nët méi viirstellbar gewiecht, den Verkéier iwwert d'Avenue Marie-Thérèse an der Escher Strooss ëmzeleeden, oder iwwert d'Aal Bréck - do wäer en Verkéierschaos viirprogramméiert. D'Fro déi sëch tëscht 2006 an 2009 gestallt huet, war: bauen mer déi "nei" Bréck provisoresch oder soll déi no der Renovéierung weider stoenbleiwen? Ët gouf vill driwwer diskutéiert an gestridden, an 2010 stoung dann sëcher: déi "nei" Bréck wäert nëmmen provisoresch do stoen, an no der Renovatioun nees oofgebaut gin.


Wéi d'Renovéierung ooflaafen soll

Administration des Ponts & ChausséesAls éicht gët am Fréijoer 2011 (also elo geschwënn) domadder ugefaangen gin, déi provisoresch Bréck ze bauen. Dës Bréck wäert aus Stoolträger bestoen an stolz 23 Milliounen Euro kaschten. Lärmschutzmaueren sollen d'Awunner am Dall virum Kaméidi schützen, an d'Strooss fiir eroof an den Dall während den Aarbechten weider fir den Verkéier opbleiwen. Réicht wann dës provisoresch Bréck fäerdeggestallt ass, gët den Verkéier ëmgeleet: den Verkéier wäert aus dem Boulevard Royal um Pôle Nord (déi Plaatz viirun der NEier Bréck op der stater Säit) no riets ëmgeleet gin. No enger Lénkskéier geet ët dann iwwert déi provisoresch Bréck. No der Bréck kënnt een op der Metzer Plaatz eraus (déi Plaatz no der Bréck op der garer Säit), do leeft eng lénks Kéier duerch den kléngen Gaart viirum Spuerkeess-Gebei z'réck an d'Nei Avenue. Dräi Spueren soll ët op der provisorescher Bréck gin (2 Spueren Richtung Gare an eng Busspuer Richtung Stad) plus een Trottoir op nëmmen enger Säit.
Bei der Sanéierung gët d'Betons-Dalle komplett erneiert souwéi den iewechten Deel vun den Sténg op der Bréck inklusive dem Wappen an der Mëtt neigemeet. Doniewt soll d'Bréck ëm 79 Centimeter méi breet gemeet gin, fiir datt 2014, wann d'Renovatiouns-Aarbechten oofgeschloss sin, Tram'en, Bus'en an Auto'en ouni Problem kënnen iwwert déi nei Nei Bréck kënnen fueren...


Biller-Infos & Links

Bild 1: Le nouveau pont Adolphe en construction au 1 septembre 1901 (Carte postale; Charles Bernhoeft, Luxembourg)
Bild 2: Luxembourg: Pont Adolphe (Carte postale: Grands Magasins M. Knopf, Luxembourg; Collection: René Birgen)
Bild 3: Administration des Ponts & Chaussées
Bild 4: Administration des Ponts & Chaussées
Bild 5: Administration des Ponts & Chaussées
Bild 6: Administration des Ponts & Chaussées
Link: Fotos-Gallerie: Wéi d'Nei Bréck gebaut gouf
Link: d'Wort, 08.05.2010
Link: Administration des Ponts & Chaussées
Link: d'Nei Bréck op Wikipedia
Link: D'Geschicht vum Charly op Rail.lu