Grouss Projet'en an der Stad

Déi lescht Joeren huet d'Stad Lëtzebuerg eng Rei vun wichtegen Décisiounen getraff waat den Bau vun Infrastrukturen ugeet. Den gréisseten Deel vun dësen Décisiounen gët elo konkret ëmgesaat, an ët kann een deemno domadder rechenen datt an den nächsten Joeren vill Baggeren an der City rullen wäerten. Fiir déi 4. Ausgab vun Under Construction goufen zwee -intressant- Projet'en erausgepickt, déi d'Bild vun der Stad an Zukunft prägen wäerten...

Centre Guillaume II

Centre Guillaume IIDen éichten Projet gët elo schons ëmgesaat: ët handelt sëch heibäi ëm den Centre Guillaume II um Knuedler. Well um Aldrénger den Centre Hamilius oofgerappt gët an den Bierger Center plënneren muss, gët elo niewt dëm Geméngenhaus um Knuedler daat sougenanntent Nonnenhaus ëmgebaut. Duerch en Concours am Joer 2007 gouf den Bureau Steinmetz Demeyer erausgesicht fir den 12 mio. €-Projet z'entwerfen an ze réaliséieren. Wann daat Ganzt fäerdeg ass soll ët folgendermoossen ausgesin: am fréieren Haff vum Nonnenhaus soll een an eng Aart Glas-Pavillon erakommen, wou och den Accueil ass. Dës Konstruktioun soll déi aal Maueren vum Gebei mat neien Materialien wéi Glas verbannen. An dën verschidden Reimlechkeeten sollen den Bierger Center an séng Guichet'en kommen souwéi d'Administratioun vum Geméngenhaus. Tëscht dësem neien "aalen" Gebei an dem Geméngenhaus soll eng gliesen Bréck als Verbindung gebaut gin. D'Aarbechten fir dësen Projet hun schons 2010 ugefaangen, an well den Chantier matzen am Weltkultur-Erbe vun der Aalstad agedroen ass (an een deemno nët alles maachen kann waat een wëll), huet d'UNESCO missen säin Accord gin.


Centre Guillaume II

Royal Hamilius

Royal HamiliusDen zweeten Projet wäert wuel vill Ännerung op den Aldrénger bréngen: all Lëtzebuerger ass mindestens eemol an séngem Liewen op den Centre Hamilius den Bus huelen gaangen. Dowéinst ass d'Place Emile Hamilius jo bekannt: 7 Quai'en viirum Postgebei, weider Busarrêt'en am Boulevard Royal, an der Rue Aldringen viirum Café Interview, an an der Avenue Monterey, am Keller en chineseschen Buttéck an en Info-Point vun den Stater Bussen - nët grad sexy fir eng europäesch Stad wéi Lëtzebuerg. Dowéinst huet d'Stad Lëtzebuerg viirun e Puer Joer en groussen Concours gestart wou ët drëms gaangen ass, d'Gebeier ronderëm den Centre Hamilius nei ze gestalten an mat neiem Liewen ze fëllen. Zu Verfügung stoungen ronn 72 Ar. Am Oktober 2010 gouf dën Gewënnerprojet vun dësem Concours am Groussen Theater viirgestallt: Den weltwäit bekannten Architektenbüro Foster & Partners krut déi éicht Plaatz. Als Promoteur soll Codic International matwierken, genau esou wéi Jones Lang LaSalle als Bedreiwer vun den Gebeier. Domat ass en Concours mat 79 Dossier'en an 12 Candidaturen op en Enn gaangen. Royal HamiliusAm Géigensaatz zu aaneren Projet'en déi eragereecht goufen ass ët wichtegherviirzesträichen datt d'Plaatz viirum Postgebei nët (komplett) verschwënnt, mee als Foussgängerzone weider bestoen wäert. D'Gesamtfläch deelt sëch folgendermoossen op: Tëscht 16- an 18.000 m2 sollen fiir Geschäfter viirgesin sin, 13.000m2 fiir Restaurant'en an Café'en, doniewt tëscht 8.000 an 10.000 m2 fiir Wunnraum, waat ungeféier 70 Wunnéngen entsprëcht. Ënnerierdech soll d'Parkhaus neigemeet gin, soudatt een op eng Kapazitéit vun 500 Plaatzen kommen sollt, plus eng Plaatz pro Wunnéng. Den Projet kéint, wann alles klappt, 2012 an ugrëff geholl gin an 2016/2017 fäerdeggestallt gin. Sief gesoot datt am Bauberäich sämtlech Gebeier oofgerappt gin (La Luxembouregeoise, Gallerie mam fréieren Mister Copy, Centre Hamilius, etc.), bis op een Gebei (48, Bd. Royal), deen nët oofgerappt gët wëll den Propriétaire refuséiert huet, bei dësem Projet matzemaachen. Royal HamiliusIntressant gët datt op engem vun dën Gebeier en "gliesend Ee" stoen wäert: dëst soll eng Aart Restaurant / Bar mat enger Aussiichts-Terrass gin, vun däer een iwwert den Diecher vun der Stad wäert kucken kennen. Eenzel Leit schwätzen elo schons dovunner dass dës Konstruktioun den neien Symbol vun der Stad kéint gin. Verkéierstechnesch sollen iergendwann d'Busquai'en vum Centre Hamilius verschwannen an op den Boulevard Royal kommen. Parallel zu dësem Projet soll dën Tram an d'Stad kommen, an esou geet een dovunner aus datt béid Chantier'en 2017 wäerten fäerdeggestallt gin. Vill Buslinnen wäerten dann an der Stad souwisou verschwannen, respektiv ëmgeännert gin, an um Centre Hamilius wäerten dann nëmmen nach wéineg Busser niewt dem Tram fueren.


Biller-Infos & Links

Bild 1 an 2: Centre Guillaume II - Nonnenhaus. Steinmetz Demeyer. Photography: Quick-It
Bild 3-5: Royal HAmilius, Ville de Luxembourg, Foster and Partners

Link: Steinmetz Demeyer
"Der Platz und die Gebäude sollen leben"