Under Construction Dezember 2011

An dëser Ausgab kucken mir op déi lescht Projet'en déi hei viirgestallt goufen an wou déi grad dru sin. Doniewt gin ët weider Informatiounen iwwert den neien Lift am Pafendall.

Chantier Nordstrooss

Datt den Chantier vun der Norstrooss viirugeet, daat kann een op dësen Fotto'en gesin. Déi eng série staamt vun Abrëll 2011, déi zweet vum Oktober vum gläichen Joer. Et kann een also schon eng kléng Biller-Chronologie opbauen...

Route du Nord Route du Nord Route du Nord Route du Nord Route du Nord Route du Nord Route du Nord Route du Nord Route du Nord Route du Nord Route du Nord Route du NordRoute du Nord Route du Nord


Royal Hamilius

Ween en Souvenir vum "alen Aldrénger" behaalen wëllt muss sëch begannen: am November goufen eenzel Aarbechten ugefaangen, déi éicht Beem goufen oofgeholzt, d'Statue vum Nicky de Saint Phalle ass drop an drun fiir vum Sockel geholl ze gin, an den Bierger Center plënnert den 13. Dezember eriwwer an d'Bürosgebei um Eck Bd. Royal / Av. Monterey.

Royal Hamilius Royal Hamilius Royal Hamilius Royal HamiliusRoyal Hamilius Royal Hamilius Royal Hamilius Royal HamiliusRoyal Hamilius


Lift am Pafendall

Den 12. Oktober 2011 haat d'ALIAI (Association Luxembourgeoise des Ingénieurs, Architectes et Industriels) op eng Présentatioun an den Cercle-Cité invitéiert, wou den Projet vum Lift viirgestallt gouf. Dobei gouf een intressant Détail'er gewuer:
Ët goufen dräi Varianten studéiert ier den Projet lassgaangen ass: déi éicht Versioun huet doranner bestaanen, mat engem Tuerm direkt vum Pafendall eropzefueren an dono mat enger Bréck an d'Stad ze kommen. Esou gët daat och elo gemaacht. Soss gouf ët d'Variant, als éicht duerch en Tunnel ze goen an, wéi am Gronn, duerch en Liftschacht am Fiels eropzekommen. Déi drëtt Variant war eng Mëschung vun deenen zwou aneren: Tunnel, Liftschacht, ab halwer Héischt Tuerm, an zum Schluss Bréck.<br>
D'Cabine wäert mat 8,5 m2 duebel esou grouss gin wéi am Gronn, an ët wäerten zwee Ausgäng gin: duerch déi eng Entrée fiert een mam Velo am Pafendall eran, an duerch déi aner Dier fiert een uewen op der Bréck eraus. Esou brauch een nët den Velo no viir an no hannen ze rullen, sou wéi daat am Gronn den Fall ass. Mat grousser WAhrscheinlechkeet wäert den Lift oowes zou sin, mee Dank 3 faarweg Spotten wäert den Tuerm vun ënnen erop schéin liichten. Den Plafong wäert aus Glas, d'Dieren aus Inox sin, an am Fall vun enger Panne kënnen d'Pompjeen mat enger extraer Nacelle vun der Bréck eroof duerch den Liftschacht eroof op d'Cabine "undocken". An dëser Nacelle kënnen bis zu 3 Persounen Plaatz fannen, an falls den Stroum ausfällt besteet d'Méiglechkeet mat engem Diselgenerator (ënnen am Pafendall an engem Local de service) Jus ze kréien.
LiftVerschidden originell Aspekter: den Motor wäert eng besonnesch héisch Leechtung hun, soudatt déi 8 Tonnen-schwéier-Cabine mat 2,5 Meter pro Sekonn no knapp 94 Sekonnen uewen ukommen wäert. D'Géigegewiicht (Contrepoids) wäert am Tuerm verstoppt sin sou datt een deen nët wäert gesin, an d'Stroumversuergung vun der CAbine leeft duerch speziell Schinnen: domadder brauch een keen laangen Kabel deen an der Loft géng hänken. Uewen um Tuerm wäert eng Wiederstatioun stoen, d'Cabine wäert drainéiert sin (fiir datt den BUedem n ët plätschnaass ass wann ët reent), an speziell Eiskratzer viirun den Rieder wäerten d'Schinnen vum Äis befreien.