D'Grenzbréck zu Gréiwemaacher & d'B51 zu Tréier
Leschte Kéier gouf présentéiert wéi d'Zuchverbindung tëscht der Stad an Tréier erneiert gët. Dësen Mount fueren mer nees eng Kéier op Tréier, allerdéngs huelen mir dofir den Auto. Ët geet nämlech ëm zwee Projet'en déi an den nächsten Méint en décken Affloss op den Verkéier ëm an an Richtung Tréier wäerten hun.
1882 gouf zu Gréiwemaacher déi éicht Bréck iwwert der Musel gebaut. Deemols war daat eng Bogenrücke, déi den 29. September 1944 zerstéiert gouf. Iwwert d'Ëmstänn vun däer Zerstéierung wees een nët villes well Gréiwemaacher ab dem 18. September 1944 évakuéiert war.
Tëscht 1953 an 1955 gouf dunn déi 215 meter laang aktuell Bréck gebaut. Dëst Wierk mëcht den Uschloss tëcht Gréiwemaacher / Lëtzebuerg déi eng Säit, an d'B419 bei Wellen / Däitschland déi aner Säit. Ufank vun den 2000er Joeren goufen dunn déi éicht Problemer mat der Bréck festgestallt: d'Wierk leid ëmmer méi un deem villen Verkéier deen all Daag driwwer fiert: ronn 15.000 Auto'en fueren all Daag esou iwwert d'Grenz - daat ass 10 mol méi wéi nach viirun 10 Joer. 2002 gouf duerch eenzel Aarbechten d'Gewiicht vun der Bréck reduzéiert an eng Limitatioun vun den Gefierer op 24 Tonnen festgeluecht, mee mat der Zäit huet een missen agesin datt eng Totalsanéierung néideg wier.
Den 21. Oktober 2010 huet den lëtzebuergeschen Nohaltergkeets- an Infrastrukturminister Claude Wiseler en Oofkommes mam däitschen Transportminister Peter Ramsauer ënnerschriwwen, andeem den Bau vun enger neier Bréck viirgesin ass. Den 11. Oktober 2011, also knapp een Joer drop, ass den Bauprojet och vun der Chamber guddgeheescht gin.
Déi nei Bréck soll eng 7 meter breet Fuerbunn hun, souwéi Trottoir'en op béiden Säiten, déi suwuel vun Foussgänger wéi och vun Velosfuerer wäerten kënnen benotzt gin. Am Ganzen soll d'Wierk 1.900 Tonnen Stool weien. Den Chantier soll esou duerchgezun gin datt déi "aal" Bréck réicht dann oofgebaut gët wann déi nei donieft prett steet. Eswou soll d'Verkéiersverbindung mat Däitschland fiir maximal 3 oder 4 Méint ganz ënnerbrach gin. Dann soll den Traffic iwwert den Brécken vun Réimech an Wuermer ëmgeleed gin. Dësen Chantier wäert am Ganzen 18 mio Euro kaschten, wouvun den lëtzebuerger Staat 11,3 mio Euro iwwerhëllt.
D'B51 zou
Statt iwwer Gréiwemaacher oder Waasserbëlleg kann een natiirlech och iwwert d'Tréierer Autobunn A1 op Tréier fueren. No der Grenz bei der Sauertalbrücke hëllt een einfach déi éicht Ausfaart an ët fiert een op der B51 den Bierg eroof. Ween an der Woch no 17 Auer oder Samsdes do fiert kennt den Problem: knapp no der Ausfaart steet den Verkéier schons an ët geet meechtens näicht viirun. Ronn 25.000 Auto'en fueren deen Bierg all Daag erop an eroof - do ass daat keen Wonner datt ët ënnen wéinst der Verkéiersluucht nët viirun geet.
Dowéinst soll am Mee 2012 d'B51, oder och Bitbuerger Straße genannt, fiir e Puer Méint voll gespaart gin: d'Stéck tëscht der Fachhochschule an der Kaiser-Wilhelm-Brücke (déi Bréck déi iwwert d'Musel an d'City féiert) soll komplett sanéiert gin. Eng Rei Saachen sin do geplangt: d'Napoleonsbrücke (also déi Bréck déi an der leschter Kéier vum Bierg steet an wou den Verkéier driwwer fiert) soll ganz erneiert gin, doniewt soll en Stéck Fiels oofgedroen gin (ob gesprengt gët oder nët, daat steet nach nët fest), eng Stützmauer vun 110 Mauer soll komplett ersaat gin, an, schlussendlech, eng 3. Spuer soll entstoen fiir datt esou den Verkéier, deen bei der Kräizung mat den Luuchten riicht aud fiert, nët muss am Stau stoen. Ët geet een dovunner aus datt een duerch dës Moossnaamen Moies 40% Zäit kéint aspueren, fiir den Oowestraffic geet dës Zuel op méi wéi 60% erop. Den Käschtepunkt fiir des Aarbechten beleeft sëch bei 1,34 mio. Euro.
Quellen & Links
Bild 1: D'Bréck vun Gréiwemaacher iwwert d'Musel - Postkaart: http://www.akpool.de/ansichtskarten/238914-ansichtskarte-postkarte-grevenmacher-luxemburg-blick-auf-den-ort-bruecke
Bild 2: D'Bréck vun Gréiwemaacher iwwert d\'Musel - Syndicat d'Initiative Grevenmacher
Bild 3: d'Bréck no der Zerstéirung - Syndicat d\'Initiative Grevenmacher
Bild 4: déi geplangten Bréck iwwert d'Musel - MyWort.lu - http://www.mywort.lu/grevenmacher/2854170.html
Bild 5: D'Bitburger Straße, B51 zu Tréier
Artikel: "Sperrung der B51 erst 2012"




