Love@LRSL


Projet réaliséiert am Joer 2005


coverDen ganzen Projet, vun deem dir hei elo d'Resultat bewonneren kënnt, gouf am Kader vun der Optioun "Media" vum Lycée Robert-Schuman réaliséiert. Mir waren dunn all op Première an haten vill ze dinn (niewebäi haaten mer jo am Mee Examen...), mee déi ganz Equippe huet awer d'Zäit fonnt, fir dësen kléngen Filmschen ze réaliséieren. Eemolo fäerdeg gouf den Film bei der Diplomiwwerreechung am Juli 2005 gewisen. Frou waren mer dunn och nach, wéi mer beim BENELUX-Filmfestival mam Spezialpräis "Meilleure oeuvre d'un lycée luxembourgeois" ausgezeechent goufen. Ët ass an méngen Aan elo keen feelerfräit Wierk, mee villméi eng Erënnerung un all déi, déi 2005 am Schuman waren... Jojo, ët muss een ët soen: ët war einfach nëmmen eng gäil Zäit :) PS: Vill Spaass beim Film!


Love @ LRSL from Thierry Heles on Vimeo.



LOVE@LRSL: En Projet vun der Medienoptioun aus dem LRSL

Enn 2004 huet den Thierry Heles zesummen mat ménger Wéinegkeet d'Dréihbuch zu deem Kuerzfilm geschriwwen, deen bis Juli 2005 mol nach keen Titel haat, aawer schlusssendlech ënnert dëm Numm "Love@LRSL" erauskomm ass. Den Projet fennt aawer säin Uersprong am September 2004 wéi d'Optioun "Medien" vun den Premièren 2004-2005 aus dem LRSL sëch Gedanken driwwer gemaacht huet, waat am Laaf vum Schouljoer géng produzéiert gin. Eng Rei Iddé'en goufen proposéiert, 2 goufen der erausgepickt: Op der enger Säit eng Iddée vum Edward Skrijgd en Film zum Thema Mobbing ze produzéieren, op däer aanerer Säit méng Iddée den LRSL an enger méi witzeger Aart-an-Weis viirzestellen andeems een en Kuerzfilm géng dréinen deen sou montéiert wier datt d'Bild spéider sollt vun engem Projekter op deen aaneren sprangen. Laang gouf gerätselt waat dann lo géif produzéiert gin. Schlussendlech ass décidéiert gin, ënnert aanerem fiir dëm Film méi "Pepp" ze gin, eng Liebesgeschicht anzebauen an déi sou an den LRSL ze dréinen datt d'Geschicht mee aawer och d'Schoul présentéiert gin.
Am Januar 2005 gouf dann d'Dréihbuch fiir den "Filmprojet Optioun '04-'05" dem Recht vun der Optioun viirgestallt an liicht ëmgeännert. Dobei konnten mer eis op d'Hëllef vum Sandy Lorente, Mataarbechterin vum "Magazin" vun RTL Télé Lëtzebuerg, berouhen.


Réalisatioun

loveAb Februar gouf den Kuerzfilm produzéiert. Geschafft gouf am Ufank ëmmer nëmmen Donneschdes Mëttes vun 12 bis 2 Auer, also während der Schoulzäit. Am Mee huet daat Ganzt missen oofgebrach gin wéinst dem Examen, soudatt am Juni wéi all Examen bis geschriwwen war weidegeschafft gouf. Den Film war viirun der Vakanz zu Lloret an der Këscht, dën Montage aawer gouf no dëser Ufank Juli gemaacht, soudatt den Film eemol am Festsall an der Paus gewisen gin ass, an natiirlech, nët ze vergiessen, déi grouss Présentatioun bei der Diplomiwwerreeschung den 11. Juli 2005 mat all den Proffen, Primaner an déi déi un deen Projet geschafft hun. Am Ganzen kann een soen datt d'Réalisatioun 8 Méint gedauert huet.


Who is Mephisto?!

An den Credits um Enn vum Film steet eemol kuerz "Mephisto (Picture Classroom)" - Vill Leit woussten deen Moment nët ween daat wäer. Hei also d'Opléisung: an der Szeen am Klassesall wou den Dave d'Nora als Geescht gesäit, kann een hannert dem Dave en Bild op der Mauer gesin, wou den Georges Strauss als Mephisto beim Kleeschen ronderemleeft...


Deleted Scene(s)

loveU sëch gët ët keng sougenannten Deleted Scene - all Szeen déi mir gedréint hun ass och am Film ze gesin. Ët gët just een Deel vum Dréihbuch deen nie gedréint hun an vundeems och nët vill Leit bescheed wëssen: Déi Szeen am Film wou den Ralph mam Auto bei d'Paart vum Schoulhaff kënnt an d'Nora op eng "Sprëtztour" invitéiert wor am Dréihbuch ganz aanescht viirgesin an hätt och sollten duerch eng weider Szeen ergänzt gin: Hei elo d'Versioun aus dem Dréihbuch:
d'Nora kennt aus der Schoul eraus an den Haff wou den Ralph mam Motto bei hatt gefuer kennt an hatt op en Tour invitéiert. d'Nora zéckt net laang, hëllt dem Ralph sain Helm an déi zwee fueren aus dem Haff eraus wou dunn den Dave och aus dem Gebei erauskennt an en Zeechen mëcht fiir stoenzebleiwen. Den motto fiert just laanscht hien, an hien ass roosen well, alt erem, den Ralph him séng grouss Léift eweghellt. Dono gesäit een d'Nora an den Ralph während hierem Tour um Motto: Opnahmen vun wäitem op der Landstrooss, Musék am Hannergrond asw.


Credits

D'Réalisatioun vun dësem Projet wäer nët ouni d'Hellef vun villen Leit nët méiglech gewiecht. Merci geet op dëser Plaatz un all eis Akteuren, un d'Technik-Crew, un den Léon Weis un d'Sandy Lorente fiir hier Mataarbecht, un den Marc Heinesch fiir den techneschen Support, un den (deemolgen) Direkter vum LRSL, den Albert Linster, un PEDUS an un eis Portier'en, déi eis d'Reimlechkeeten wéi z.B. d'Cantine zur Verfügung gestallt hun.

 

 

love


Crew

Den Team huet aus den Acteur'en, Statisten an aus der Technik bestaanen:

 

Rollenverdeelung:

 

Nora

Martine Traufler

Claude

Laurent Reuter

Dave

David Moos

Ralph

Ralph Bernard

Dem Nora säin Frënd

Thierry Heles

 

 

Statisten:

 

Proffesser

Léon Weis

Portier

Jean-Claude Laures

Am Turnsall

Patrick Enders

Mephisto (Bild Klassesall)

Georges Strauss

Direkter

ALbert Linster

 

 

Teschnesch Crew:

 

Kamera & Regie

Cyrille Horper

Montage & Cover Design

Thierry Heles

Technesch Assistenz

Andréa Da Silva

Fottografie & Maquillage

Nathalie Anen

Public Relations

Léon Weis (LRSL)

Realisatioun Assistenz

Sandy Lorente (RTL)

Kameramaterial Support

Marc Heinesch

Beliichtung

Nathalie Anen (Codex)

Cafeteria Location Manager

Eliane Lallemand (PEDUS)

Location Support

Jean-Claude Laures

Toun (Voice Over)

Luca Tropeano


DVD

Ët ass méiglech eng DVD mam Kuerzfilm ze bestellen, allerdings gin dës DVD'en nëmmen op Bestellung produzéiert. Intresséierter kënnen sëch bei cyrille @ cyrilleswebsite.net mellen.


Weider Biller

vum Projet "LOVE@LRSL":

love

love 

love

love


love 
LOVE@LRSL ass eng Produktion vun der Medienoptioun aus dem LRSL. © 2005