The next big thing
Den neien Audi A1 am Test
Enn Juni 2010 huet AUDI eng nei Publicitéits-Kampagne erausbruecht. Mam Slogan The Next Big Thing konnt een sëch op enger spezieller Website umellen an wann een Chance haat, dann konnt een als VIP-Tester den neien Auto, deen iwwreegens zu Bréissel gebaut gët, 2 Deeg laang fueren. Ëch haat déi Chance an dueft daat Gefier ufank Juli testen. Daat Ganzt war un engem Fottos- an Videosconcours gekoppelt: d'VIP-Tester goufen opgefuerdert, hier Andréck ze filmen, respektiv ze fotograféieren. Hier Wierker konnten sie dann an engem speziellen Blog eroplueden. D'Geschicht vun dëser klénger "Avanture", d'Biller an d'Kritik vum Auto fannt der elo hei!
Méindeg, 12. Juli 2010: Gimmer den Auto sichen!

Eisen eichten Gewënner vum VIP Driver den Cyrille HORPER
Déi éicht Faahrt

Moin moin!
Ëch sin den Cyrille, an ëch haat déi Freet en Méindeg an en Dënschdeg den neien Audi A1 ze testen. Ier d'Faahrt lassgeet, hei nach Puer Informatiounen zum Chauffer: ech sin 25 Joer aal, studéieren zu Bréissel (nët dohinner gaangen wéinst dem Béier...) an fueren elo schons mat engem Audi - Grond genuch also ze kucken waat den däitschen Hiersteller sou neies unzebidden huet!
En Méindeg um 11 war ët also souwäit: zesummen mat engem Bic, enger Kaap an enger Rei Prospekter (wou bleiwt mäin T-Shirt? ;-) ) kruut ëch vum Jil den Schlëssel *feierlech* iwwerreecht, an konnt mëch esou op den Wee maachen.
Méng Rees ass uerchter d'ganzt Land gaangen, vun der Stad op Esch/Uelzecht, an vun Veianen op Waasserbëlleg, zesummen mat enger "Luxembourg by Night-Sprëtztour". Fotto'en an Reports posten ëch an den nächsten Deeg!
Fir d'Viirwëlztuuten ënnert iech hun ëch awer schon 3 ausgewielten vun insgesamt 293 Fotto'en hei matgepost ;-)
Sidder prett? Nach séier den richtegen Radiosender sichen, den Sëtz an d'Spiggelen richteg agestallt, an lass kann ët goen!
cyr
Audi A1 Andy Schleck-Edition

Zu Eiren un den Andy Schleck, deen gëschter den Maillot Jaune am Tour de France kruut, hummer eis mol ameséiert, den A1 ëmzelackéieren. An esou ass den Model "Andy Schleck" entstaanen ;-)
Wouhin soll ët goen?

Den éichten Androck deen een huet ass wuertwiertlech: ët fällt een hannen widder! lol D'Sëtzer sin sou déif geluecht an no hannen gesenkt datt een sëch ëmmer an den Auto schmäissen kann! Mee dës Configuratioun ass jo praktesch, well een während der Faahrt gudd am Sëtz sëtzt. Daat ass besonnesch op der Landstrooss ganz agréabel, mee dozou komme mer spéid...
D'Dier zou an lass kann ët goen: wann een den A1 unmëcht spiert oder héiert een ët kaum - ganz praktesch bei der Start/Stop-Funktioun déi ëch gläich bei der éichter Luucht zu Bäreldéng getest hun: kënnt een bei eng rout Luucht, kann een den Gang eraushuelen an d'Kupplung lassloossen an schons geet den Motor vum selwen aus. Gët ët gréng an ët dréckt een d'Kupplung geet den Motor nees automatesch un. Cool, wann een bedenkt datt een an der Stad vill Bensin spueren kann mat esou eppes...
Jo, an wou fueren mer lo hin?! Da komm mir fueren mol duerch d'Stad! E gäilt Gefill ass ët wannsde d'Duerch d'Stroossen fiers an d'Leit bleiwen um Trottoir stoen fir op den Auto ze kucken! ;-) Di nächste Kéier kaafen ëch nach wäiss Hännschen fir aus der Fënster erauszewénken...lol Eis Haltestellen sin den Findel, den Bock an d'Philharmonie... viirun der Gëlle Fra wollt ëch nët stoen bleiwen, well d'Madame bekanntlecherweis d'Chineesen zu Shanghai glécklech mëcht ;-) Um Kierchbierg haat ëch d'Zäit fir mer den Auto méi genee unzekucken... an Puer Fotto'en ze knipsen! Den Design ass wieklech modern, an déi roud Faarw stecht gudd eraus. Wann ëch deen Auto géng kaafen, dann sëcher an däer Faarw! D'Front ass déi typesch Face vun Audi sou wi een së op aaneren Modellen vun Audi gesäit. D'Luuchten sin allerdéngs stylesch opgezun, an d'Tageslicht zitt wéi eng kléng Lichterkette en gewelltenen Strëch. D'Säitenwinkeren befannen sëch an den Aussenspiggelen, sou wéi daat sëch bei all Auto hautdesdaags gehéiert, awer gare la Box wann een deen Spiggel futtifiert!
Um Bock gouf ët en kuerzen Arrêt, wou den "Huelen Zannt" am Spiggel geknipst gouf. Kléngen Geschichtlechen Rappel: daat ass déi Plaatz wou den Sigi 963 séng éicht Buerg gebaut huet an sëch niewebäi an d'Melusina verknallt haat. Wéi déi Viirwëlztuut aawer dunn entdeckt huet, datt d'Madame eigentlech eng Mäerjungfrau war, ass déi an d'Uelzecht gesprongen an ass zanterdeem nie méi opgetaucht. Vielläicht ass se bei den Losch op Bäreldéng geschwommen? ;-)
Ech haat nach Puer Biller vergiess...

Am leschte Post haat ëch jo schéin Fotto'en ugekënnegt - mee mat 3 Fotto'en soll ët nët gedoen sin. Dowéinst hei nach 3 weider Pics aus der Place de l'Europe...
cyr
Gimmer an Clausen? ;-)

An d'Rives séier een drénken gaangen...
Komm mir fueren op Esch!

No der Sprëtztour duerch d'Stad gouf ët héisch Zäit ze kucken wéi sëch dën A1 op der Autobunn fiert. Abe, séier konnt een nët fueren (sou ass ët eben wann een méngt ët misst een matzen am Berufsverkéier riicht Richtung Belval fueren...), mee egal, ët wor aawer schéin ;-)
Hei muss ëch aawer soen datt ëch mëch an den zweeten Gang verléiwt hun: Kaum fiirsde fort an du bass schon op 50. Ëch war schon zimlech erstaunt datt een mat nëmmen 105 Päerd esou Power ënnert dem Capeau kéint hun. Fir déi déi ët nët gewinnt sin: haalt d'Steierrrad gudd un wann der am zweeten Gang vollgas gidd (ëch war baal vun der Strooss...lol).
Zu Esch/Belval ukomm goufen nees schéin Fotto'en geknipst, och wann d'Wieder nët esou matgespillt huet. Roud bei roud - den A1 vrum rouden Gebei vun enger bekannter Bank (...den Numm fänkt mat D un an hällt mat EXIA op...lol). Ënnerwee fiir z'réck an d'Stad hun ëch mëch weider mam Multimedia-Menü ugefrënnd an war zimlech beandrockt: schéisst een säin Handy mat Bluetooth un, kann een direkt daat ganzt Telefonsbuch importéieren, fir esou zum Beipsill iwwert den Menü engem unzeruffen. Beim Uruff geet d'Musék automatesch aus an den Volume vum Gespréich kann een astellen wéi een wëll. D'Tuut ass iergendwéi gewöhnungsbedürfteg: déi héiert sëch un wéi déi vun engem Camion, an besser, beim Tuuten vibréieren d'Pedallen. Vläit ass daat express esou gemeet, fiir datt een déi nët ze vill an ze oft benotzt ;-) Doheem ukomm gouf eng kléng Paus gemeet, ier ët oowes weidergaangen ass. Déi "Luxembourg-by-Night-Tour" haat ët wieklech a sëch!
Luxembourg by Night

Och wann ët quasi keng Fotto dovunner gët, sou muss ëch awer soen datt déi Nuetsfaahrt vill Spaass bereet huet. Vun der Stad ass ët op Iechternach gaangen, vun do aus iwwert di kléng Chemins Reprix op Mäertert, kuerz z'réck an d'Stad via d'A1 fir den Kevin sichen ze fueren, an vun do goung ët an den Norden. Domadder konnte mer d'Leechtung vum A1 op der Autobunn an op der Landstrooss bei wéineg Verkéier testen. Op den kléngen Landstroossen war d'Stroosslaag ganz angenehm an déi sportlech Conduite erméiglecht ët, nët direkt bei der éichter schaarfer Kéier an den Summerwee ze fléien... Op der Autobunn war den Tempomat en intressant Instrument. Wéi praktesch muss daat sin wannsde zwou Stonnen laang am Auto op der Autobunn ënnerwee bass, zum Beispill fiir op Bréissel oder Köln...
Gimmer d'Josy sichen

Den zweeten Daag sin ëch Mëttes d'Josy sichen gaangen: hatt haat eigentlech geplangt akaafen ze goen mee iergendwéi war d'Verlockung ze grouss an esou ass déo Corvée eweggefall - ët test een jo nët all Daag en neien Auto ;-)
Den Wee ass vun Miersch op Veianen gaangen, an d'Madame konnt den ganzen fueren. Zu Vianden hummer puer Fotto'en gemeet an um Wee fir z'réck bei den Losch hummer eis Gedanken gemeet, waat mer an den Formulaire schreiwen wäerten. Hei ass mol wat d'Josy geschriwwen huet: den Multimedia-Menü ass einfach ze handhaben, d'Strosselaag ass gudd, den Auto zitt super gudd an den Design ass en fetten Pluspunkt. Minuspunkten huet hatt och opgeschriwwen: d'Réckbänk ass nët geduecht fir grouss Leit, d'Mall fällt bessen kléng aus (fir sou Leit wéi d'Madame déi gäeren akaafen gin ass daat anscheinend wichteg ;-) )
Time to say Goodbye

No 2 Deeg testen an 300 Kilometer déi mer hannerluecht hun, ass d'Zäit komm, dem Auto eddi ze soen... villäicht gesäit een sëch jo iergendwann erëm? ;-)
Cyr!lle.
Méindeg, 9. August 2010: Den Uruff
Deen Daag schellt mëttes den Telefon: den Importateur vun Audi ass um Aparat:
-Majo Félicitatioun dir hudd gewonnen!
-An daat heescht? ...Audi Driving Experience??....?
-Jo genau, Audi Driving Experience!
-YUHUU!
Gratulatioun un den Cyrille Horper, den Gewënner vum Photo-Concours !

Den Cyrille Horper aus der Stad Lëtzebuerg as den glécklechen Gewënner vun eisem Audi A1 Fotoreportage Concours. Rives de Clausen, den Site Belval zou Esch, Philharmonie, beim „Huelen Zant“ oder die giel „Andy Schleck“ Editioun, sinn nëmmen en puer Beispiller fir di formidabel mise en scène vum A1 duerch ganzt Ländchen. Den Cyrille Horper gewënnt als Haaptpräis eng Audi driving experience.




