14.02.2012 - Comments

"Milliardengeschäft Freundschaft"

En ganz intressanten Dokumentarfilm ass gëschter (13.02.) um ARD gelaaft: ët ass ëm deen gréissten Sozial-Netzwierk vun der Welt gaangen - Facebook.

Ënnert dem Titel Facebook - Milliardengeschäft Freundschaft hun d'Auteur'en versicht, dësen gesellschaftlechen Phenomen z'analyséieren: Wisou gin déi Jonk esou gäeren op Facebook, an wisou konnt ët dozou kommen datt quasi 8 vun 10 Jonker en Profil do huet. Niewt der Zielgrupp kommen aawer och Eltren, Politiker an Datenschützer zu Wurt an erkläeren esou hier ënnerschiddlech Meenungen zu dësem Netzwierk.
D'Doku ass ganz originell opgebaut an léisst wéineg ze kritiséieren: Facebook gët weder verherrlecht nach schlechtgestallt - den Zuschauer huet duerch déi ënnerschiddlech Standpunkter vun den Leit am Film d'Méiglechkeet, sëch hier eegen Meenung ze bilden. Ganz intressant sin och d'Animatiounen wou d'Leit wéi Figuren duerch d'Stad laafen an wou Pictogrammen se verfolgen,v Zeechen dofiir wivill Leit all Daag op Facebook surfen, kommentéieren an "liken"...
Dën 44-Minutten-laangen Dokumentaire kennt der weiderhin an der ARD-Medithéik kucken andeems der hei klickt.



15.01.2012 - Comments

TEST rss feed an der Täsch!

Vlait geet ët? ech sin iwwerzeegt ;-)





15.01.2012 - Comments

Génial

Eng génial Erfindung. Fréen mëch schons wann déi an den Geschäfter kënnt ;-)





28.12.2011 - Comments

Daat war 2011!

D'Joer ass nees sou séier passé datt een séier d'Silvesterparty viirbereeden muss ;-) Dofiir hei mäin kléngen perséinlechen Réckbléck 2011.

Eppes viirop: 2011 war en schäiss Joer: d'Welt war mat schlëmmen Naturkatastrophen geploot, zu Fukushima huet ët Boum gemaacht, uerchter d'ganz Welt sin vill Onrouen gewiecht, daat wéinst der economescher, aawer och, politescher Situatioun vun verschiddenen Länner. Mee mir hun daat Bescht draus gemaacht. D'arabescht Fréijoer huet eng Rei Diktaturen opgeléist, wéi zB an Algerien, an Egypten oder nach an Lybien. Do hun d'Leit hiert d'Leed selwer an den Grapp geholl an hun lassmanifestéiert. An ët ass nach nët eriwwer: an Syrien steet d'Zukunft vum Diktator nët fest, an suguer an Russalnd loossen sëch d'Bierger nëmméi alles vum Putin-Medvedev-Duo gefaalen...

Zu Lëtzebuerg kruuten mer d'Folgen vun der Crise dunn och nach ze spieren: d'ArcelorMittal huet gläich e Puer Wierker zougemaacht, der Dexia ass ët nees schlecht gaangen datt en Deel dovunner un den Qatar gaangen ass, an den Qatar keeft sëch bei der Cargolux an...
Eisen Aarbechtsminister wor am Ufank vum Joer an der Kritik well deen an engem Policebüro zevill gemault huet, eisen Wirtschaftsminister geet einfach sénger Wee - matzen während enger Visite an Asien- , an eisem Justizminister gët viirgeheit, mannerjäehreg Kanner géngen zu Schraasseg an den Prisong gestach gin... Positives, eisen Guillaume huet elo eng Frëndin...aus der Belsch...

Perséinlech gekuckt muss ëch zougin datt 2011 villes passéiert ass: am Januar hun ëch mäin Präiss ageléist deen ëch bei Audi gewonnen haat: eng Audi Driving Experience mat engem S4 zu Saalbach an Eissträich. Den 2. Februar hun ëch zesummen mam Tamara an mam Géraldine eisen Mémoire médiatique der Jury présentéiert, deen esou begeeschtert war datt mer 90% vun den Punkten kruuten - eng immens Belounung fiir en immens flotten Projet: eng Homepage fiir den City Night Bus.
Dunn koum déi Zäit wou ëch mäin Stage bei DJM Web gemaacht hun - definitiv eng Erfaahrung: nie méi mat Belschen schaffen! Am Juli an am August sin ëch mam Julie Kirchen op Hamburg an op München gefuer, an daat mat immens flotten Andréck an Erënnerungen. D'Rees op Zürich an op Amsterdam waren och eng schéin Oofwiesslung.
Enn Juli huet den Jérôme Kremer ons verlooss - hien ass bei engem Verkéiersaccident (gebaut vun engem Franzous deen geméngt huet, en Linnenbus am Clausener Bierg z'iwwerhuelen) ëm d'Liewen komm. Déi iwwerfëllten Kierch am Neiduerf war den Beweis datt vill Leit hien vermëssen wäerten.
Dann goufen e Puer Projet'en réaliséiert op déi ëch houfreg sin: d'Website vun LUEX (www.luex.org) ass online gaangen an ët goufen intressant Visiten an der Groussrégioun organiséiert. Ëch hun mam Olivier Engelmann an mam Julie Kirchen zesummen un deem Projet-Concours vum Busarrêt beim Lycée Belval geschafft, waat och eng schéin Erfaahrung. An zu gudder Lescht hun ëch en intressanten Stage bei enger intressanter Boîte an der Stad ugefaangen. Je, alles positiv Erënnerungen, déi déi negativ bessen op d'Säit raumen ;-)

2011 wor aawer och d'Joer vun den Frëndschaften: Frënn an Kolleegen ronderem sëch ze hun op déi een zielen kann an mat deenen een duerch déck an dënn geet, daat ass nët ëmmer eng Selbstverständlechkeet.

An wéi gët 2012? Keng Ahnung ;-) Wéi soot d'Enya schons eemol: "Who can say where the road goes, where the day flows – Only Time!"

An dësem Sënn: en gudde Rutsch an Alles Guddes fiir 2012.
Cyr!lle.



27.12.2011 - Comments

10 Years Cyrille'sWebsite

10 Joer, daat ass schon eng Zäitschen... Mee daat ass tatsächlech den Alter vun dëser Homepage! :) 2001 ass daat Ganzt lassgaangen, an ët gesäit nët dono aus datt mer dobei bleiwen wäerten, ganz am Géigendeel :)
Wéi CW am Januar 2002 ausgesin huet, an waat an deenen 10 Joer op dësen Säiten alles passéiert ass, daat kënnt dir am 10-Years-Special liesen. Op dëser Plaatz soen ëch all deenen MERCI déi mir während all deenen Joeren gehollef hun, dësen Projet opzebauen an weider ze entwécklen. Merci! Cyr!lle.



20.12.2011 - Comments

Biller vum Royal Hamilius an vun der Nordstrooss

Royal HamiliusDéi 7. Editioun vun Under Construction wäert déi lescht vum Joer sin, an ët wäert déi viirop lescht Ausgab sin well 2012 soll den Chantiers-Repertoire ënnert enger neier Form erauskommen. Biller gët dës Kéier vum Aldrénger, deen Ufank 2012 lues an lues oofgerappt en neit Gesiicht kréien wäert, an vun der Nordstrooss, bzw. vum Chantier vun der Nordstrooss... An ët gin suguer weider intressant Details vum Lift am Pafendall...








Hello!
Welcome to the website of Cyrille Horper!
Age: 25 | Town: Luxembourg-City | Studies: Master in Applied Social Communication, Specialization Advertising & Commercial Communication | Interests: Advertising, Radio & Television, Marketing, Politics, Mobility and Transport Logistics more...
TEST-RSS


Last Tweets