10 Years Cyrille'sWebsite
10 Joeren schon!
Däerf een drop houfreg sin? Ëch denken schon! Ween huet dann schons d'Geléenheet gehaat, den 10. Gebuertsdaag vun sénger eegener Website unzekënnegen? Also ëch kennen nët vill Leit, déi ët esouwäit gepackt hun ;-) Egal, Cyrille'sWebsite gët ët elo tatsächlech schons zënter 10 Joer! Enn Dezember 2001 / Ufank Januar 2002 ass d'Säit mat dësem Numm online gaangen, deemols ënnert der Adresse cyrille.piranho.com. Bis haut ass d'Homepage vun engem Server op deen aaneren geplënnert, an och d'Adresse huet e Puer mol gewiesselt. An an Punkto Contenu huet sëch an 10 Joer esou munches geännert - woubei, gemeckert gouf och schons 2001 ;-)
Homepages anno 2000
Kënnt diir iech nach un den Internet vum Joer 2000 erënneren? Deemols gouf ët nach keen Facebook, an vun Google hun déi mannsten geschwaat. Mir sin mam Netscape Navigator duerch den WWW op statesch HTML-Säiten gesurft, haaten all bei Hotmail eng Emails-Adress, an den 56Kb-Modem huet ëmmer haart gepiepst wéi deen séng Verbindung gemaacht huet. Ët ass am Joer 2000 datt ëch déi éichte Kéier op d'Idée komm sin, mëch mam Thema Websäiten auserneen ze setzen. Eng zimlesch Lëschteg Szeen: An méngem Lycée wor en Schüler deen schons séng eegen Säit online haat, an deems ëch eng eMail geschéckt haat mat lauter Froen à la "wéi hues du daat nëmmen gemaacht datt am Hannergrond en Bild ass?" oder "Daat Bild riets, wéi geet daat?!" – U sëch ganz blöd Saachen mee ët fänkt een jo ëmmer kléng un ;-)
Konkret ass déi Saach dann dunn gin wéi mir am Neiduerfer Jugendclub een Atelier haaten, wou ët drëms gaangen ass, eng Homepage fiir den Club ze bauen. An ët ass u sëch Dank deem Atelier, an speziell dem Marc Sauer, datt ëch ugefaangen haat, un méng eegen Säit ze schaffen...
2000 koum dunn och schons eng Säit vun mir eraus, deemols mam Numm "Magic City" – näicht aaneres wéi eng Sammlung vun Veloswéer an der Stad. Ët huet een bis 2001 missen waarden, bis datt dunn Cyrille'sWebsite entstaanen ass.
Vun CW 1.0 op CW 7
Webdesigner an -developer wäerten en kaalen Schudder kréien wann sie den Screenshot vun der deemoleger Säit gesin: Elementer déi falsch platzéiert sin, déi ganz Struktur mat duerchsichtegen Tabellen, Schrëften déi nët openeen stëmmen, asw... An suguer d'Versioun vun haut ass bei wäitem nët perfekt (I know that! lol). Allerdéngs muss een soen datt een déi néideg Zäit muss fannen, fiir HTML, CSS, PHP an aaner Programméiersproochen kennen ze léieren. All déi Saachen hun ëch nie an engem Cours geléiert. Deen Wëssen kennt alles vun Magaziner an spezialiséiert Websäiten, deen während villen Stonnen geléiert an ausprobéiert gouf.
Déi éicht Versioun (also CW 1.0) war nëmmen e Puer Méint online - schons Ufank 2002 koum CW 2 eraus, dunn koum CW 3 mat éichten dynameschen PHP-Elementer. 2003/2004 koum déi bekannt AKtioun "Iwwerraschung vum Daag" – eng Aart Adventskalenner mat 24 Iwwerraschungen, déi während den 24 éichten Deeg vum Dezember online gesaat goufen. CW 4 wor nees komplett am HTML well een mam PHP-Gewulls nemméi eenz gin ass ;-). 2005 koum dunn CW 5 mat der rouder Sträif an deem horizontalen Hannergrond-Design eraus. Dëst Konzept gët haut nach benotzt.
An deenen villen Joeren ass d'Säit vil gereest: am Ufank stounfg Cyrille'sWebsite op den Serveren vun Piranho an Däitschland. Dono stoung déi op den Serveren vum Lycée Robert-Schuman, mee well den Informatiker Hubert Glesener nët vill Ahnung haat an d'Serveren stänneg en Panne waren, huet ët nët laang gedauert bis datt een beim lëtzebuerger "Provider" Marc Schammel Networks geplënnert ass (deemols wor d'Säit mat der Adress www.cyrille.biz erreechbar). Mee well dësen "Provider" och keng Ahnung vun séngem Beruff haat, an d'Website wéinst Hackerattacken wochelaang nët online wor , sin ëch 2005 mat ménger Websäit bei Alfahosting weidergezun.
Den 26. Dezember an der Nuecht hun ëch d'Bestellung gemaacht, an mäin Abo wor tatsächlech schons den Daag drop ready-to-use! Zanter Dezember 2005 / Januar 2006 fënnt een dWebsite ënnert der gewinnter Adress cyrilleswebsite.net erëm. Haut simmer bei der Versioun 7 ukomm.
Facebook an den Enn vun Cyrille'sWebsite?
2006 koum Facebook, zumindest ass 2006 den Duerchbroch vun dësem Netzwierk zu Lëtzebuerg passéiert. An iergendwann huet sëch d'Fro gestallt, ob ët iwwerhaapt der Wäert ass, weider eng privat Säit online ze hun wann een dofiir en Profil fiir 0 euro opbauen kann. Ëch denken datt daat deen Moment war, wor immens vill privatsäiten vum Netz verschwonnen sin. Cyrille'sWebsite wor och drop an drun ze verschwannen, mee zum Gléck huet eng Idée weiderbestaanen, nämlech déi, datt ëch weider kéint maachen waat ëch well, während een bei Facebook näicht iwwert den Design matzediskutéieren huet: wéi traureg géif daat dann gin, wann sëch op eemol all Mënsch mat enger traureger wäisser Säit mat bloer Sträif présentéieren géng? Nee, dann bleiwen mir halt weiderhin orginell genuch an maachen eis eegen Zopp! ;-) Amplaatz d'Säit zou ze maachen an alles op Facebook ze stzen (wou een iwwreegens séng Copyright rechter ooftrëtt), sollt een léiwer kucken, Facebook auszenotzen: an déi Rechnung ass 2010 voll opgaangen.
Facebook als Autobunn an déi eegen Säit als Landstrooss
2010 huet op Cyrille'sWebsite missen e Puer grondsetzlech Saachen geännert gin: den Contenu dierft nët méi manuell gesaat gin, fiir d'Säit ëmmer nees nei op den Server eropzelueden. Dowéinst gët zanter September 2010 den Contenu vun der éichter Säit (waat een haut een "Blog" nennen kéint) vun enger Datenbank oofgelies, daat selwecht passéiert fiir déi meeschten aaner Säiten vum Site.
Jo an Facebook sollt een als Lockmëttel benotzen: Daat ass (waat ëch géng nennen) d'Konzept vun der Autobunn an vun der Landstrooss. Et baséiert sëch op eng fundamental Feststellung: op Facebook sin mëttlerweil méi wéi 6 Milliounen Leit, an déi éicht Säit déi een opmëcht wann een den Browser bis op huet ass (an den allermeeschten Fäll) Facebook. Dowéinst muss een dës dreiwend Kraaft (d'Autobunn) benotzen fiir d'Leit vun do aus op aner Säiten (d'Landstroossen) ze lackelen. Dowéinst kënnt reegelméisseg op mäin Facebook-Profil den Ufank vun engem Artikel mam Link op Cyrille'sWebsite hin. Den Link spillt deemno d'Roll vun der Ausfaahrt ;-) Alléng duerch dës Stratégie sin d'Zuelen vun den Besicher kräfteg eropgaangen. Daat selwecht gët zanter Mee 2011 mat Twitter gemaacht, och wann den Impakt do méi kléng ass.
An wéi geet ët weider?
Keng Ahnung! LOL. Zumindest wëll ëch nët méi den Fehler maachen Saachen unzekënnegen déi häerno nët kommen oder hallwe gin. Mee ëch hun emol wëlles d'Rubrik Under Construction auszebauen, an daat méi grouss opzezéien. Daat wäer mol den groussen Viirsaatz fiir 2012. Doniewt soll den Design defintiv aus sénger Dépressioun erauskommen an méi farbenfroh gin ;-) An dann soll d'Julie och nach en Blog kréien, an an an. Mee bon, mol kucken waat alles passéiert (an op mer iwwerhaapt d'Zäit fannen wäerten ;-)).
M-E-R-C-I
10 Joer, daat ass eng immens Freet, daat sin vill Erënnerungen, an daat ass och vill Aarbecht! :) Mee ëch sin bereet nach weider 10 Joer op däer Saach ze schaffen!
Op dëser Plaatz wëll aawer och Merci soen un déi Leit, di mëch bei dësem Projet ënnerstetzt hun oder déi mir bei däer enger oder anerer Saach weidergehollef hun: Marco Quintus an Marc Sauer, Freet Stoffel, Jona Joachim, Laurent Maréchal, Julie Kirchen, Olivier Engelmann, an dann och déi vill Leit aus den Foren fiir HTML, CSS an PHP-Froen! :))




