[Iwwert mëch...]

Moin moin!
Also, mäin Numm ass Cyrille Horper, fiir déi déi ët nach nët wossten, ëch hun 26 Joer an liewen zu
Lëtzebuerg, fiir genee ze sin.
Momentan studéieren ëch Publicitéit an Marketing zu Bréissel op der IHECS, enger Héischschoul matzen am Zentrum vun der belscher
Haaptstaad.
Zu méngen Fräizäitbeschäftegungen gehéieren Velo fueren, um PC schaffen resp. mëch ëm dës Homepage këmmeren, an dën Kino goen, kléng Filmerscher dréinen an montéieren, Fottoen maachen, erausgoen an an an... (Also iergendwéi kréien ëch
méng Zäit souwisou gefëllt...)
Mäin Liewensmotto: "A la guerre, comme à la guerre", oder nach "Was nicht passt wird passend gemacht": Statt sëch iwwert d'Problemer ze bekloen probéieren ëch éichter Léisungen ze fannen, fiir esou viirun ze kommen. Ech sin keen Fan vun destruktiver Kritik an géng mëch fréen wann d'Leit am generellen géngen mat Viirschléi kommen statt dëst oder daat duerch den Dreck ze zéihen.
[Veräinsliewen]
D'Veräinsliewen huet mëch schons ëmmer intresséiert, sou wor ëch
fréier Mêmber bei dën Neiduerfer Pompjeen, war beim Club des Jeunes oft dobei, an hun am Schülerkomitee vum LRSL matgestridden. Lo sin ëch am Komitee vun KML, Koler Movies Lëtzebuerg, engem Jugend-Amateur-Filmclub vun Koler. Un esou munsch Produktiounen hun ëch schons matgeschaft, sou zum Beispill Rendolepsis, Black King's Way, Riddly 2 oder aanerer, nët ze vergiessen déi Hochzäiten an Kommuniounen déi mer dokumentéieren gin fiir sou niewenbäi Täschengeld ze verdéngen... KML war an deenen leschten Joeren besonnesch erfollegräich an huet eng Rei Präisser oofgeraumt. 2008 huet KML säin 10. Gebuertsdaag gefeiert.
Sëch fiir d'Saachen intresséieren, an sëch fiir eppes anzesetzen, doriwwer wor ëch schons ëmmer begeeschtert. Dozou erënneren ëch mëch un den Jugend Forum am Neiduerf wou ëch déi grouss Eier haat d'Problemer vun deenen Jonken aus dem Neiduerf viirun den Geméngenverantwortlechen (Paul Helminger an Co.) ze présentéieren: deen Oowend sin déi Häeren knallroud Richtung Auto fortgelaaft... *LOL* Säitdeem huet mëch den Viirwëlz an den Intressi fiir dilokal Politik ëmmer nees an d'Versammlungen vun der Stad Lëtzebuerg ugelackelt, wou ëch ab und zu gäeren méng Meenung soen. Ween méngt datt d'Politik den Bierger nët nolauschtert, deen iert sëch: ët brauch een just léif ze froen, an vläit kritt een daat waat een gäeren hätt: Datt am Neiduerf elo en City Night Bus fiert, oder datt d'Verkéiersluuchten am Chantier am Neiduerf eweggeholl goufen kann een dem Asaatz vun den Bierger verdanken :) Ëch méngen bei den nächsten Waalen muss ëch mëch op d'Lëscht opstellen :)
Deen beschten Asaatz wäert och (leider)
schwéier ze toppen sin: Am Juni 2006 hun ëch als Volunteer bei der FIFA-Fussball-Weltmeeschterschaft Deutschland 2006 zu Köln geschafft. Dës onvergiesslech Erfahrung ass an der Silvesternuecht (Iwwergang 2005 op 2006) lassgaangen: deemols hun ëch daat neit Joer zu Berlin viirum Brandenburger Tor gefeiert, an wéi ëch gesin hun wéi Däitschland den Ufank vum "WM-Jahr" zelebréiert huet, war ët nëmmen eng Fro vun der Zäit (2 Wochen) bis datt ëch mëch enges Daags Oowes op der Homepage vun der FIFA als Volunteer ugemellt hun. Als Chauffer am Ufank, mee dono kruut ëch eng Plaatz am Ticketing offréiert. No der Schulung am Abrëll koum ët dunn den 10. Juni 2006 zum éichten Match zu Kölle. 5 Matcher woren ët der am Ganzen, an waat mer do als Volunteers erliewt hun kann een kaum an Wieder verfaassen. Am Beschten dir mellt iech selwer bei esou engem Event un an erliewt ët selwer! Ët ass der wäert!
Am Oktober 2006 koum eng weider Beräicherung an méngem Liewen: Den 8. Oktober um 10 viir 5 oowes huet ët geheescht "An 99 Sekonnen ronderem d'Welt - gudden Oowend". Knapp eng Minutt drop waren méng éicht News bei Eldoradio gelaaft :) Di Aarbecht beim Radio huet mer immens vill Spaass gemaacht, nët ze schwätzen vun den Erfaahrungen déi ëch dobei konnt Sammelen. Weider flott Asätz waren do sëcherlech déi puer Reportagen bei RTL Télé Lëtzebuerg déi ëch als Student, respektiv als Stagiaire do réaliséiert hun.
[Hobbies]
Vue que datt ëch viirwëlzeg sin wéi eng Kaatz an mëch fiir esou vill Saachen intresséieren, brauch ëch mer meeschtens keng Suergen ze maachen wéi ëch méng Fräizäit gestalten: entweder fueren ëch Velo, gin eraus mat den Koleegen, schaffen un dëser Homepage, oder oder oder... Fotto'en maachen ëch och gäeren, an spéidstens säitdeems mer an der Schoul geléiert hun mat enger Spiggel-Reflex ze schaffen mëcht mer daat Ganzt nach méi Spaass. Méi generell maachen ëch och gäeren Montage, sief daat fiir Vidéo oder fiir Toun. Déi Leit déi mëch kennen wëssen datt ëch mat méngen Intressi'en och
richteg op d'Schlappen goen kann, ganz besonneg wann een mat mir iwwer d'Thema Öffentlechen Transport schwätzt. D'Koleegen an der Schoul hun am Kader vun engem Projet méng Wéinegkeet mat folgenden Wieder beschriwwen: "Cyrille a-t-il été écrasé par un métro quand il était petit? A-t-il la carte de la STIB tatouée dans le dos? Nul ne sait d'où vient cette passion acharnée pour les transports en commun, mais en tout cas, on a bien compris (oui, tu l'as assez dit) que le prémétro, c'était destiné à être un métro." :)
Eng weider Saach wou ëch freak doranner sin, daat sin Freedefeier'en an Laser Shows, an aaner Spektaklen vun
däer Zort. Sou freak datt ëch zesummen mat Koleegen fiir Silvester gäeren selwer een Freedefeier oofschéissen, oder am Juli eng Gebuertsdaagsparty am Gaart organiséieren. Am Flottsten ass ët aawer nach wann sëch dës Intressi'en kräizen: zum Beispill wann zu Veianen Rock am Castle ass, oder een eng Rei flott Fotto'en vun der Show hikritt (waat nët ëmmer sou einfach ass mat den Rakéiten...).


An wéi wann daat nët genuch wier, huet mëch den Viirwëlz lo an den Süden vum Land ugelackelt, respektiv hannert der Grenz an Frankräich wou vill verloossen Gebeier ze fannen an ze entdecken sin. Urban Exploring nennt een daat, an ët ass méi wéi impressionnant wann een op verloossen Plaatzen ass wéi z.B. eng aal Fabrik, eng eidel Brauerei wéi déi am Neiduerf, oder eng komplett verloossen Staad wéi een däer op der fréierer Ligne Maginot fënnt.

Numm: Cyrille Horper
Alter: 26
Gebuertsdatum: 04.07.1985
Stäerezeechen: Kriebs
Wunnuert: Lëtzebuerg
Hobbies: Velofueren, Filmen & Montéieren
Fotografie, PC & Internet an co.
Fitness, Kino & Rausgoen
Reesen & Entdecken
- music: Techno, Trance, Classic, Soundtracks, House, Pop, Dance, Club, Trance, Gothic, etc. (alles ausser Hip-Hop ! )
- movie: Requiem for a Dream, Gottes Werk und Teufels Beitrag, Love Actually, Les visiteurs, Les anges gardiens
- actors: Gérard Depardieu, Muriel Robin, Christian Clavier, Whoopy Goldberg, Jake Gyllenhaal,...
- cities: Köln & Berlin
- group: Evanescence, Silbermond, Rosenstolz, Juli, Paul Van Dyk, ERA, Moby, Safri Duo, Madonna, Xavier Naidoo...
- colours: Schwaarz & Roud
- dish: Choucroute, Pizza, Croque Monsieur vum Snack Tonic zu Bréissel ;-)
- cars: Suzuki Swift, VW Golf V GTI & AUDI A1
- book: Der Langstreckenläufer
- season: Fréijoer (am Summer reent ët ëmmer...)




