20.01.2013 - Comments

T'ass alles d'Schold vun den Gréngen...

Wéi ëch mir viirun e Puer Deeg viirgeholl haat, nees Artikelen op ménger Website ze schreiwen, do huet sëch d'Fro vum "Iwwer waat?" nët laang gestallt. An der Lescht héieren an liesen ëch Meenungen an Kommentarer iwwert d'Parken an der Stad souwéi d'Präisser vum öffentlechen Transport. An fiir all déi Saachen déi den Leit nët passen sin natierlech ëmmer Déi Gréng drun Schold... Dowéinst schreiwen ëch lo mol méng Meenung an probéieren op e Puer Saachen hinzeweisen.

Parken an der Stad gët méi deier Daat ass jo spéidstens zënter Enn Dezember bekannt. An daat passt dem Lëtzebuerger natierlech guer nët an den Krom. Do muss een sëch selbstverständlech doriwwer opreegen datt dën Gréngen François Bausch d'Tariffer vun den Parkheiser genausou wéi deenen vum Parken op der Strooss erhéischt huet. Abe, däerf ëch op dëser Plaatz drop opmierksam maachen datt dës décisioun am Fong keng décisioun ass, mee eng automatesch Upassung déi schons an den '90 Joer vum Geméngenroot (also vun Politiker aus allen Parteien) vun der Stad Lëtzebuerg beschloss gouf?
Däerf ëch dann och drop opmierksam maachen, datt niewt der Stad och en ganzen Koup aner Geméngen an Stied hier Tariffer erhéigen? Den ganzen Süden zum Beispill muss an Zukunft och méi bezuelen fir an Stied wéi Esch oder Déifferdéng ze parken...
An zum Schluss, däerf ëch dann och drop hiweisen, datt d'Stad Lëtzebuerg an e Puer Wochen d'Gratisparken fir eng Stonn an der Stad op bestëmmten Plaatzen afféieren wäert?!? Sicht mol, léif never-ending-Kritiker, an Stied vun eiser Groussrégioun, op der esou een Konzept fannt?
All déi Leit déi d'Sabbel nët zoukréien missten emol wëssen, datt d'Stad Lëtzebuerg als éicht emol Décisiounen fiir d'Wuel vun séngen Bierger hëllt, an nët an éichter Plaatz fiir déi Leit, déi an d'Stad fueren, aawer do nët liewen. An dowéinst versicht d'Stad mat Velospisten, Busspueren an eben enger bestëmmter Parkplaatzpolitik, den Verkéier esou ze verbesseren, datt d'Awunner (an och déi vun dobaussen) gudd un hiert d'Ziel kommen - mee dofiir muss een Verständnis hun datt nët all Mënsch mat séngem an d'Stad fueren kann, soss wäer den Verkéierschaos jo perfekt!
Ech fueren och gäeren ab und zu mam Auto an sin selwer nët ëmmer begeeschtert wann ëch an der Stad eng Plaatz sichen oder am Stau stin, mee daat ass nunmol esou an am Veglach mat aaneren Stied stin mir an Saachen Mobilitéit guer nët mol esou schlecht do.
Déi Leit, déi elo méngen, së wäerten "nie méi an d'Stad akaafen goen an dofiir léiwer op Tréier fueren" sollen daat roueg maachen: Ech méngen, esou Leit sichen jo egalwéi deen éichtbeschten Argument fiir léiwer op Tréier ze fueren, an dann ass ët jo esou datt d'Stad keen zwéngt an en Parkhaus ze fueren... Stëchwuert: Öffentlechen Transport Daat ass jo selbstverständlech och dem Bausch séng Schold, gëll?! Do vergiessen offensichtlech ganz vill Leit (vun deenen ëch mer sëcher sin datt déi wéinegst jeemols en Bus vun bannen gesin hun) datt d'Tariferhéigung vun der Regierung (also vun CSV an LSAP) décidéiert gouf. Do ass ët suguer esou datt Déi Gréng nët begeeschtert doriwwer sin, waat jo u sëch logesch ass: wann een gäeren hätt d'Leit méi op Bus an Bunn ëmsteigen, dann muss den öffentlechen Transport attraktiv sin. An eng Tariferhéigung ass numol alles mee nët attraktiv...

Wann ëch also dës Kommentater liesen dann froen ëch mëch op eemol, ob d'Leit nët vergiess hun, datt mir hei am Land ganz aner, vill méi hefteg Problemer hun wéi beispillsweis d'Désindustrialiséierung an den Chômage.



09.07.2012 - Comments

Ech liewen nach ëmmer

Eng gudd Noochriicht fiir déi déi wëlles haaten, eng Doudesannonce am Lëtzebuerge Wort ze setzen: ech liewen nach ëmmer, an daat och wann ët op dëser Säit déi läscht Zäit déck roueg gin ass :)

Zënter Februar huet sëch immens villes gedoen, an dës Changementer sin drun Schold datt ëch d'Zäit nët méi fonnt haat, mëch hei weider ze mellen. Dofiir 1000 mol sorry! :) Den 1. Mäerz hun ëch ugefaangen ze schaffen - mäin éichten richtegen Job an méngem Liewen! An no 4 Méint bei der Chambre des Métiers kann ëch soen datt mir d'Plaatz als Assistant Communication gudd gefällt!
Dann ass am Mäerz nach eppes geschitt: ëch hun eng Persoun kennengeléiert déi mer vun Ufank un déck sympathesch war, an esou koum ët datt ëch zënter Enn Mäerz an enger Bezéiung sin! :)
An och wann dës zwee Events am Endeffekt en décken Impakt am Liewen hun, sou muss ëch objektiv kucken an soen datt ëch am groussen an ganzen glécklech sin. Ëch sin just iwwerascht wéi krass sëch säin Liewen ännert wann een ufänkt mat schaffen, respektiv wann een eng Bezéiung ufänkt.
Trotzdeem probéieren ëch lo nees méng Motivatioun zesummenzerappen fiir nees reegelméisseg nei News hei ze posten! Bis dann! Cyr!lle.



27.02.2012 - Comments

La vraie timeline de Nicolas Sarkozy...

Dëst Joer wäerten d'nees en neien President wielen, an all Mësch wees datt den aktuellen Staatschef nach eemol wäert untrieden. Den Sarkozy huet aawer keen fantasteschen Bilan ze présentéieren, viirun allem huet een den Androck datt vill Waalverspriechen nët agehaalen goufen, an d'Situatioun vun den Franzousen sëch am Endeffekt nët verbessert, mee suguer éichter verschlechtert huet...

Fiir op dem "Sarko" séng Geschichten an Connerie'en opmierksam ze maachen huet eng Persoun sëch elo ameséiert, säin Amt an séng Décisiounen an Form vun enger Facebook-Timeline ze présentéieren.
Kuck iech daat am Beschten selwer un! http://lavraietimeline.fr/#2006



14.02.2012 - Comments

"Milliardengeschäft Freundschaft"

En ganz intressanten Dokumentarfilm ass gëschter (13.02.) um ARD gelaaft: ët ass ëm deen gréissten Sozial-Netzwierk vun der Welt gaangen - Facebook.

Ënnert dem Titel Facebook - Milliardengeschäft Freundschaft hun d'Auteur'en versicht, dësen gesellschaftlechen Phenomen z'analyséieren: Wisou gin déi Jonk esou gäeren op Facebook, an wisou konnt ët dozou kommen datt quasi 8 vun 10 Jonker en Profil do huet. Niewt der Zielgrupp kommen aawer och Eltren, Politiker an Datenschützer zu Wurt an erkläeren esou hier ënnerschiddlech Meenungen zu dësem Netzwierk.
D'Doku ass ganz originell opgebaut an léisst wéineg ze kritiséieren: Facebook gët weder verherrlecht nach schlechtgestallt - den Zuschauer huet duerch déi ënnerschiddlech Standpunkter vun den Leit am Film d'Méiglechkeet, sëch hier eegen Meenung ze bilden. Ganz intressant sin och d'Animatiounen wou d'Leit wéi Figuren duerch d'Stad laafen an wou Pictogrammen se verfolgen,v Zeechen dofiir wivill Leit all Daag op Facebook surfen, kommentéieren an "liken"...
Dën 44-Minutten-laangen Dokumentaire kennt der weiderhin an der ARD-Medithéik kucken andeems der hei klickt.



15.01.2012 - Comments

TEST rss feed an der Täsch!

Vlait geet ët? ech sin iwwerzeegt ;-)





15.01.2012 - Comments

Génial

Eng génial Erfindung. Fréen mëch schons wann déi an den Geschäfter kënnt ;-)










Hello!
Welcome to the website of Cyrille Horper!
Age: 25 | Town: Luxembourg-City | Studies: Master in Applied Social Communication, Specialization Advertising & Commercial Communication | Interests: Advertising, Radio & Television, Marketing, Politics, Mobility and Transport Logistics more...
TEST-RSS


Last Tweets